For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Fornax-Galaxiëkoup.

Fornax-Galaxiëkoup

De Fornax-Galaxiëkoup. VISTA-Infrarout-Bild mat den opfällege Galaxien NGC 1365 (Balkenspiral ënne riets) an NGC 1399 (elliptesch Galaxië uewe lénks).
Stärekaart vum Fornax-Galaxiëkoup
Déi riseg lënsefërmeg Galaxie NGC 1316 (Fornax A) am Fornax-Galaxiëkoup

De Fornax-Galaxiëkoup ass eng grouss Usammlung vu Galaxien, déi am Stärebild Fornax iwwer e Gebitt mat ronn 5° Wénkelduerchmesser verdeelt läit. Am Katalog vum George Ogden Abell ass hien ënner der Bezeechnung Abell S0373 ze fannen.

Dëse Galaxiëkoup ass mat enger Distanz vu ronn 60 Millioune Liichtjoer (18,5 Mpc) den zweeträichste Koup op enger Streck vun 100 Millioune Liichtjoer, u Gréisst nëmmen nach iwwertraff vum ongeféier dräimol sou grousse Virgo-Galaxiëkoup. Hien huet ongeféier 50–60 hell Galaxien, vun deenen der dräi zu de gréisste Galaxien an dësem Deel vum Universum zielen. Déi elliptesch Galaxie NGC 1399 ass eng cD-Galaxie mat ausgedehntem diffusen Halo, wéi si typescherweis a grousse Galaxiëkéip (z. B. am Coma-Galaxiëkoupn) virkommen.

Déi grouss Balkespiralgalaxie NGC 1365 kann als Prototyp vun dëser Galaxiëklass ugesi ginn an ass de prominentsten Objet vum Koup. De gréissten Objet vum Fornax-Koup ass déi riseg lënsefërmeg Galaxie NGC 1316, déi eng Visuell Magnitude vun 8,4 mag an e Wénkelduerchmiesser vun 12 Bouminutten huet. Dës Galaxie ass bei enger Frequenz vu 1400 MHz déi véiertstäerkst Radioquell um Himmel a gëtt dofir och als Fornax A bezeechent.

Distanzbestëmmung

[änneren | Quelltext änneren]

De Fornax-Galaxiëkoup huet grouss Bedeitung fir d'kosmologesch Distanzbestëmmung. Well hien eng wiesentlech méi kleng Mass wéi dee bal gläichwäit ewech leiende Virgo-Koup huet, ass säi gravitativen Afloss op eis Lokal Grupp méi schwaach. Wärend de Virgo-Koup duerch seng grouss Mass eng Unzéiung vun de Lokale Gruppe bewierkt (engl. Virgo-Infall), beweegt sech de Fornax-Koup gréisstendeels mam groussraimegen Hubble-Floss. Duerch eng direkt Distanzbestëmmung vun de Galaxië am Fornax-Koup léisst sech dofir aus hirer Routverrécklung d'Hubble-Konstant bestëmmen. Duerch déi relativ kleng Distanz vum Koup stinn haut verschidden direkt Methode vun der Distanzbstëmmung zum Gebrauch. Mat der Kugelstärekoup-Liichtkraaft-Funktioun (engl. globular cluster luminosity function – GCLF) gouf 1996 d'Distanz zu ongeféier 16,5 Mpc bestëmmt. 1998 war et mat dem Hubble-Weltraumteleskop gelongen, och d'Distanzbestëmmung vum Koup duerch d'Eenzelstärenopléisung vu verännerleche Stäre vum Cepheiden-Typ. Aus dëse Miessunge resultéiert deen haitege Wäert vun 18,5 Mpc vun der Fornax-Koup-Distanz. Déi mëttel Routverrécklung vun de Koupobjeten huet eng Schwéierpunktvitesse vu ronn 1300 km/s, soudatt déi aus dëse Miessunge bestëmmt Hubble-Konstant (no e puer Korrekturen) H0=73 km/s/Mpc ergëtt.

Portal Astronomie

{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Fornax-Galaxiëkoup
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Get ready for Wikiwand 2.0 🎉! the new version arrives on September 1st! Don't want to wait?