For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Chouer (Musek).

Chouer (Musek)

Chouerprouf beim Anton Friedrich Thibaut (1772-1840)

E Chouer (gr. χορός /ço'ʁɔs/ Danzplaz, Ronde, Dänzergrupp) ass an der Musek en Ensembel vu Leit, déi zesumme sangen, an an deem all Stëmm duerch méi Sänger vertrueden ass. Chouer kann awer och d'Wierk bezeechnen, wat vun engem Chouer opgefouert gëtt.

Den haitege Begrëff vum Chouer als Klangkierper ass eréischt am 17. - 18. Joerhonnert opkomm. Bis dohi war e Chouer net nëmmen eng Grupp vu Sänger, mä ganz allgemeng eng Grupp vu Persounen, déi zesumme musizéiert hunn.

Aarte vu Chéier

[änneren | Quelltext änneren]
En Assyreschen Triumphgank mat Orchester a Chouer.

Et gëtt verschidde Krittäre fir Chéier anzedeelen, mä an der Praxis gëtt et fléissend Iwwergäng.

  • Besetzung:
    • gemëschte Chouer: all d'Stëmmlage si vertrueden (Fraen- a Männerstëmmen). Dozou ginn och Bouwechéier gezielt, an deenen d'Stëmmlagen Tenor a Bass vertruede sinn;
    • gläichstëmmege Chouer, z. B. Fraechouer, Kannerchouer (d'selwecht Stëmmlag wéi e Fraechouer), Männerchouer
    • Integrativ Kantorei, gemëschte Chouer mat Instrumenter (Orchester);
  • Unzuel vun de Sänger, z. B. Kammerchouer (15-30 Memberen) oder Grousschouer. Sinn d'Stëmme just solistesch oder héchstens zweefach besat, sou datt sech d'Stëmmen net „am Chouer“ mëschen, schwätzt ee vun engem Vokalensembel;
  • Usproch op kënschtleresch Qualitéit, z. B. Kammerchouer, Concertschouer, Vollekschouer;
  • Funktioun respektiv Institutioun, z. B. Kierchenchouer, Gesangsveräin, Radioschouer, Opernchouer, Gesanksakademie, Philharmonesche Chouer, Schoulchouer, Polizeichouer, Arméischouer, Unischouer, Akadeemesche Chouer, Betribschouer;
  • Stilrichtung, z. B. Schola, Madrigalchouer, Oratorienchouer, Shantychouer, Popchouer, Gospelchouer, Jazzchouer;
  • vertruedene Public, z. B. Kannerchouer, Meedercherschouer, Bouwechouer, Jugendchouer, Seniorechouer, Aarbechterchouer, etc.

Et gëtt och Chéier, déi sech no hirem beléiftste Komponist nennen, z. B. Bachchouer.

Chouerbesetzungen

[änneren | Quelltext änneren]
Stëmmlagen
Fraestëmmen Männerstëmmen
Tounëmfank vun engem Chouer-Sopran
Sopran (S)
Tounëmfank vun engem Chouer-Tenor
Tenor (T)
Tounëmfank vun engem Chouer-Mezzosopran
Mezzosopran
Tounëmfank vun engem Chouer-Bariton
Bariton
Tounëmfank vun engem Chouer-Alt
Alt (A)
Tounëmfank vun engem Chouer-Bass
Bass (B)

Sänger mat de sewelchte Stëmmlage ginn zu Stëmmgruppen zesummegefaasst. D'Besetzung, d'Ënnerdeelung vun de Stëmmgruppen hänkt vum Stéck of, wat gesonge gëtt. Am selwechte Wierk kënnen ënnerschiddlech Besetzunge virkommen. Fir d'Andeelung a Stëmmgruppen duerzestellen, ginn d'Ufanksbuchstawen hannerenee geschriwwen an zesumme mat dem Titel vum Wierk matgedeelt.

SATB – Standardbesetzung vu gemëschte Chéier

[änneren | Quelltext änneren]

Gewéinlech ginn an engem gemëschte Chouer d'Fraestëmmen an héich Sopran- an a méi déif Alt-Lagen, d'Männerstëmmen an héich Tenor- an a méi déif Bass-Lagen ënnerdeelt. Dës Standardbesetzung gëtt mat SATB ofgekierzt. Déi am Sologesank agesat Tëschestëmmlage Mezzosopran a Bariton sinn an der Chouermusek ganz seelen.

Chouerwiesen zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng 250 Chéier, mat am Ganze 5.000 Sängerinnen a Sänger. Déi wéinegst Chéier si reng Fraen-, Männer- oder Kannerchéier, déi meescht si mixte. Déi meescht Chéier si Kierchechéier, déi an hirer Daachorganisatioun, dem Piusverband, zesummegeschloss sinn. Si hunn hautdesdaags dee grousse Problem vum feelenden Nowues: Ursaache sinn dacks hir schlecht Qualitéit an hire langweilege Repertoire.[1]

Fréier hat de Kierchechouer, grad sou wéi d'Duerfmusek, um Duerf eng sozial Funktioun, déi haut net méi gebraucht gëtt. E Groussdeel vun de Leit engagéiert sech hautdesdaags net méi gär iwwer dat ganzt Joer, mä éischter bei punktuellen Aktioune wéi Workshoppen, déi, zanter datt den INECC Lëtzebuerg besteet, ëmmer méi beléift sinn. Nieft der kruzialer Fro vun der Ausbildung vun den Dirigenten ass mëttlerweil eng Offer wichteg, déi nieft weltlech a kierchlech Musek och de lëtzebuergesche Repertoire mat abezitt.[1]

Chéier zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Gemëscht Chéier

[änneren | Quelltext änneren]

Kanner- a Jugendchéier

[änneren | Quelltext änneren]

Männerchéier

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Chéier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Quell: Kulturdossier vum 14. Oktober 2011 (9:05-9:30) um Radio 100,7: Analys an e Bilan vum Status vun de Kierchechéier hei am Land, sou wéi och vum Stellewäert vum Gesank an eiser moderner Gesellschaft. Am Kader vum Theema vum Mount: Kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg.
{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Chouer (Musek)
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Get ready for Wikiwand 2.0 🎉! the new version arrives on September 1st! Don't want to wait?