Au chœur des cultures
Au chœur des cultures, kuerz ACDC, heescht de Chouer vum Kulturministère, deen am Hierscht 2008 an d'Liewe geruff gouf. D'Membere si Persounen, déi fir de Ministère oder e kulturellt Institut vum Staat schaffen. D'Prouwe gi beim INECC Lëtzebuerg gehalen. Zanter der Rentrée am Hierscht 2010 ass de Chouer fir d'Personal vun alle Ministèren erweidert ginn.
Dirigenten
[änneren | Quelltext änneren]- 2008-2012: Philippe Partridge
- 2012-2015/07: Camille Kerger, fréieren Direkter vum INECC;
- 2015/09-2017: Nicolas Billeaux;
- 2018/01 bis haut: Wajd Ghazal.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Text is available under the CC BY-SA 4.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.