For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Wäissen Zwerg.

Wäissen Zwerg

E Wäissen Zwerg ass e relativ klenge Stär a representéiert déi lescht Entwécklungsphas vun engem Stär, deen nom Verbrauch vu sengem Kärbrennstoff manner wéi 1,44 Sonnemassen huet.

En entwéckelt sech aus engem Roude Ris, dee seng baussenzeg Ëmmantelung ofgestouss huet, soudatt säi waarme Kär zeréckbleift.

Bei enger Mass tëscht 1,44 an 3 Sonnemassen entsteet dann en Neutronestär, doriwwer e Schwarzt Lach.

Charakteristiken

[änneren | Quelltext änneren]

Wäiss Zwergen hunn nëmmen en Duerchmiesser vun e puer dausend bis ongeféier zéngdausend Kilometer, sinn also mat hirer Gréisst vergläichbar mat eiser Äerd. Hir Uewerflächentemperatur huet ufanks tëscht 10.000 an 100.000 Kelvin, wat hir wäiss Faarf ervirbréngt.

Well si awer keng Energiequell méi hunn, kille si uschléissend lues of an enden no ville Milliarde Joren als Schwaarzen Zwerg.

Déi meescht Wäiss Zwerge bestinn am Kär zum gréissten Deel aus Kuelestoff a Sauerstoff, déi duerch Kärfusioun entstane sinn. D'Dicht ass dobäi ongeféier eng Tonn pro Kubikzentimeter. Ënner dësem Drock ass de Gas an engem Zoustand, deen als anormal bezeechent gëtt.

E Wäissen Zwerg gëtt duerch Kräfte stabiliséiert, déi eng Suite vum Pauli-Prinzip sinn. Duerno kënne maximal zwéin Elektrone vum Stäreplasma am selwechten energeeteschen Zoustand sinn (kuckt Anormal Matière). Als Folleg vun der Quantemechanik maachen déi méiglech Energiezoustänn eng Leeder, bei deenen den Ofstand vun de Sprëss bei manner Stärevolumen wiest.

Well d'Zoustänn vum ënneschtem Enn vun der Leeder all besat sinn, muss bei enger Kompressioun den Elektronen um ieweschten Enn vun der Leeder Energie zougefouert ginn. Déi Phenomer féieren zu engem Géigendrock, deen dem Gravitatiounsdrock standhale kann. Wann d'Mass vum Virleeferstär méi grouss ass wéi 1,44 Sonnemassen, d'Chandrasekhar-Grenz, dann ass kee Gläichgewiicht méiglech, an de Stär fält weider zesummen zu engem Neutronestär oder zu engem Schwaarze Lach.

Opfälleg ass, datt den typeschen Duerchmiesser vun engem Wäissen Zwerg domat onmëttelbar mat der Elektronemass zesummenhänkt, woumat eng astronomesch Gréisst eng direkt Funktioun vun enger mikrokosmescher Naturkonstant ass. D'Stabilitéit vun engem Neutronestär berout iwweregens an analoger Weis op dem Pauli-Prinzip, dat an dësem Fall relativ bei den Neutronen amplaz vun den Elektronen zum Droe kënnt.

Wäiss Zwerge kënnen, wa si en Deel vun engem Duebelstäresystem sinn, zu Novae féieren oder an enger Supernova ofschléissen.

Portal Astronomie

Commons: Wäiss Zwergen – Biller, Videoen oder Audiodateien
{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Wäissen Zwerg
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Get ready for Wikiwand 2.0 🎉! the new version arrives on September 1st! Don't want to wait?