For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Seyfertgalaxie.

Seyfertgalaxie

D'Circinusgalaxie, eng Typ-2-Seyfertgalaxie

D'Seyfertgalaxië si Spiralgalaxien oder irregulär Galaxië mat engem ganz helle Galaxiëkär. D'Spektre vun dëse Käre weise charakteristesch Emissiounlinnen déi net vu Stären ugereegt ginn. Seyfertgalaxië sinn eng Ënneruerdnung vun den aktive galaktesche Kären. D'Seyfertgalaxië goufen no dem Astronom Carl Keenan Seyfert genannt, dee sech an de Joren ëm 1940 ganz intensiv mat dëse Galaxië beschäftegt huet.

Ausgesinn, Klassifizéierung an Typ 1 an Typ 2

[änneren | Quelltext änneren]

Typesch fir Seyfertgalaxië sinn déi dacks ganz hell Kären an elektromagnetesch Spektren mat ganz helle Spektrallinnen vun ënner anerem Waasserstoff, Helium, Stéckstoff a Sauerstoff. D'Stäerkteverhältnesser vun dëse Linnen ënnerscheede sech däitlech vun deenen an HII-Regiounen, déi vu waarme Stären ugereegt ginn.

Dës Spektrallinne weisen dacks staark Dopplerverbreedungen, déi op d'Vitess vum emittéierende Gas vu bis zu 10.000 Kilometer jee Sekonn hiweisen. Unhand vun dëser Verbreedung goufe Seyfertgalaxien ufanks an zwéi verschidden Typpe klasséiert. Den Typ 2 hat nëmme 'schmuel' Linne vu bis zu ronn 1000 km/s Breet. Beim Typ 1 trieden zousätzlech 'breet' Linnekomponente vun e puer Linne vu bis iwwer 10.000 km/s Breet op. Spéider goufe vum Donald Osterbrock och Tëschentyppe wéi 1.5 an 1.9 definéiert, bei deene breet Komponenten nëmme bei e puer Linnen gesi goufen, déi si bei Typ 1 opweise géifen. Et weist sech, datt verbuede Linne mat manner Iwwergankswarscheinlechkeet, déi nëmmen an dënnem Gas entstoe kënnen, am Spektrum awer ëmmer schmuel sinn. Breet Komponente ginn nëmme bei erlaabte Linnen observéiert, déi wéinst hirer héijer Iwwergankswarscheinlechkeet och an dichtem Gas staark emittéiert ginn. A de Seyfert 1-Galaxien ass also eng kompakt an dicht Broad Line Region an eng ausgedeent méi dënn Narrow Line Region siichtbar, an de Seyfert 2-Galaxien nëmmen déi lescht.

Ausserdeem weise Seyfertgalaxien dacks staark Stralung iwwer wäit Beräicher vum elektromagnetesche Spektrum, vu Radiowellen-, Mikrowellen-, Infrarout-, Ultraviolett- a Röntgenstralen bis zu Gammastralen. D'Intensitéit vun där vum Kär emittéierter Stralung ka sech am Laf vun engem engem Joer siichtlech veränneren.

Als Energiequell vu Seyfertgalaxië gëtt haut allgemeng Matièreastréimung op e supermasseräicht schwaarzt Lach ugesinn. Dat ka souguer dozou féieren, datt déi d'Galaxie duerch de Kär iwwerstraalt gëtt. Et besteet en permanenten Iwwergank tëscht de liichtkräftegste Seyfert-Galaxien an den nach méi extreeme Quasaren.

D'Matière déi afält setzt duerch Reiwung Energie fräi, warscheinlech an enger Akkretiounsscheif, déi ëm dat zentraalt schwaarzt Lach läit. D'Akkretiounsscheif ass d'Quell vun engem groussen Deel vun der elektromagnetescher Stralung déi Seyfertgalaxien ausstralen, an déi da beim Optreffen op Matière déi méi wäit ewech ass, sekundär Phenomeener, wéi déi am siichtbare Liicht observéiert Emissiounslinnen, ausléist.

Vereenheetlecht Modeller

[änneren | Quelltext änneren]

Vereenheetlecht Modeller erklären den Ënnerscheed tëscht Typ 1 an Typ 2 net duerch d'Presenz oder d'Feele vun enger Broad Line Region. Si huelen un, datt dës ëmmer do ass, awer bei Seyfert 2-Galaxien an eiser Bléckriichtung duerch dicht interstellar Matière a Stëbs verdeckt ass. An Aklang mat dëser Virstellung ka bei e puer Seyfert 2-Galaxien déi breet Spektralkomponent a polariséiertem Liicht observéiert ginn. D'Polarisatioun weist un, datt eis dëst Liicht op Ëmweeër duerch Streeung vu waarmem Gas oder Stëbs ëm de Kär erreecht huet. Dësen Effekt gouf fir d'éischt bei der Typ-2-Galaxie NGC 1068 entdeckt.

Portal Astronomie

Commons: Seyfert galaxies – Biller, Videoen oder Audiodateien
{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Seyfertgalaxie
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Get ready for Wikiwand 2.0 🎉! the new version arrives on September 1st! Don't want to wait?