For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Ranger-Programm.

Ranger-Programm

Ranger 4 Sond (Ranger Block 2)
Ranger 9 Sond (Ranger Block 3)

De Ranger-Programm ass en US-amerikanesche Raumfaartprogramm vun néng Raumsonden, déi tëscht 1961 an 1965 op den Äerdmound geflu sinn an do virum Opschlag Biller iwwerdroen hunn. De Programm gouf vun der NASA duerchgefouert a stoung ënner der Leedung vum JPL.

Scho beim Pioneer-Programm sinn néng US-Sonden op den Äerdmound geflunn. Dobäi war eleng de Fluch vu Pioneer 4, de 4. Mäerz 1959 laanscht de Mound en Erfolleg, déi aner aacht Sonde waren alleguer Feelschléi.

No der Ukënnegung vum US-President John F. Kennedy am Abrëll 1961, bis zum Enn vum Joerzéngt e Mënsch op de Mound ze bréngen, huet d'NASA hir Beméiunge intensivéiert. De Programm Ranger war en Allzweckprogramm. Et huet fir Tester vu Manöveren am Raum gedéngt, souwéi der Virbereedung fir Landung um Mound. De Ranger-Projet gliddert sech an dräi Bléck:

Block I
D'Sonden 1–2, 306 kg schwéier, sollten Äerdsatellite bleiwen, awer an de moundnoe Raum an doriwwer eraus virstoussen (mat engem Apogeum vu ronn 1 Mill. km).
Block II
Déi 330–340 kg schwéier Sonden 3–5 sollten op dem Mound opschloen an onmëttelbar virdru Biller iwwerdroen. Virdru sollt d'Mammesond eng ronn 40 kg schwéier Instrumentekapsel ausstoussen, déi geschützt an engem kugelfërmege Gehais aus Balsaholz den Opschlag no e puer Spréng onbeschiedegt iwwerstoe sollt. U Bord vun der Kapsel war ënner anerem en einfache Seismograph.
Block III
Bei de Sonde 6–9 mat engem Gewiicht vun 365 kg gouf no de Feelschléi vu Block II op eng „mëll Landung“ verzicht, a mat Hëllef vu sechs Kameraen, héichopléisend Fotoe virum Opschlag ugestrieft.

Block I (Systemtest an der Äerdëmlafbunn)

[änneren | Quelltext änneren]

Block II (Landung vun enger Kapsel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Ranger 3 ass de 26. Januar 1962 gestart, wéinst ze héijer Vitess flitt d'Sond laanscht de Mound an eng Sonnenëmlafbunn. D'Sond iwwerdréit keng Biller, an ass verluer.
  • Ranger 4 ass den 23. Abrëll 1962 gestart, dobäi brécht de Kontakt mat der Sond nach de selwechten Dag of. D'Sond ass de 26. Abrëll 1962 op der Récksäit vum Mound opgeschloen. Ranger 4 war trotz Feelschlag déi éischt US-Raumsond, déi d'Mounduewerfläch erreecht hat.
  • Ranger 5 ass den 18. Oktober 1962 gestart, och do gouf et schonn den éischten Dag e Kommunikatiounsofbroch. D'Sond war ronn 700 km wäit laanscht de Mond geflunn a koum an eng Sonnenëmlafbunn.

Block III (Mounduewerflächefotoen)

[änneren | Quelltext änneren]
Schema vun der Sond Ranger Block III (NASA)
Zäitraffer vum Ufluch vu Ranger 9 op de Mound

Ranger war mat sechs Feelschléi, awer enger zum Schluss zefriddestellender Erfollegsquot vun 33% méi erfolgräich wéi de Pioneer-Moundprogramm. De Programm hat d'USA am Ganzen 170 Mio. US-Dollar kascht. D'Programmer duerno ware Surveyor a Lunar Orbiter.

{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Ranger-Programm
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Get ready for Wikiwand 2.0 🎉! the new version arrives on September 1st! Don't want to wait?