Nathalie Oberweis
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Nathalie Oberweis | |
---|---|
Gebuer | 20. Februar 1983 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Journalist, Politiker |
Partei | Déi Lénk |
Famill | |
Papp | Marcel Oberweis |
D'Nathalie Oberweis, gebuer den 20. Februar 1983 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Politikerin (Déi Lénk).
Si ass zanter dem 19. Mee 2021, wéinst dem parteiinterne Rotatiounsprinzip amplaz vum David Wagner, Deputéiert an der Chamber.
Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf si an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt.[2]
Si ass Chargée de direction an der Asbl Autisme Luxembourg an onofängeg Journalistin (forum, Radio 100,7).
D'Nathalie Oberweis ass d'Duechter vum Marcel Oberweis.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Pascal Steinwachs, Lex Kleren: " 'Die anderen Parteien sind alle auf dem falschen Weg'." journal.lu, 25 Februar 2021 (gekuckt 2021-04-12).
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Fiche op chd.lu, gekuckt 2021-09-08.
- ↑ David Thinnes: "So sieht der neue Gemeinderat der Stadt Luxemburg aus." wort.lu [w+], 12.07.2023.
Text is available under the CC BY-SA 4.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.