For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Multiplex-Kino.

Multiplex-Kino

Multiplex-Kino

E Multiplex-Kino ass e Kinoskomplex, deen aus méi Säll besteet, an deen extra dofir gebaut gouf. Et gëtt keng eenheetlech Definitioun, vu wéi vill Säll un ee vun engem Multiplex schwätzt, gewéinlech sinn et der op d'mannst siwen.

D'Multiplexe sinn entstanen, nodeem d'Konzept vun eenzele Kinosäll doruechter ëmmer manner abruecht huet: Mat der Verbreedung vun der Televisioun sinn ëmmer manner Leit an de Kino gaangen, sou datt déi grouss Kinotheateren entweeder hu missen zoumaachen, oder sech an e puer méi kleng Säll ënnerandeelen, fir rentabel ze bleiwen. Dëst huet awer meeschtens zu onbefriddegende Resultater gefouert, well d'Säll ze kleng waren ("Schongkëschtekino"), schlecht schall-isoléiert oder de fréiere Sall net grouss genuch war.

Multiplexe goufen do dergéint als sollech geplangt; hir Lokalisatioun, dacks an der Peripherie vu Stied an no bei oder an enger Shopping Mall, leet Wäert op eng gutt Accessibilitéit, an d'Säll sinn technesch a wat de Konfort betrëfft op héijem Niveau. Dacks si Restauratiouns- oder Cafébetriber am Gebaikomplex dran, oder soss Fräizäit-Offeren, wéi Plazen z. B., fir Bowling oder Billard ze spillen.

An Amerika sinn d'Multiplexe mat der Verbreedung vun de Shopping-Mallen an den 1970-1980er Joren opkomm; deen éischte Multiplex an Europa war 1981 de Kinepolis zu Gent mat 10 Säll, an dee gréissten an Europa (eng Zäitche souguer op der Welt) war de Kinepolis um Heiselplateau zu Bréissel mat 25 Säll, deen 1988 opgoung.[1] An sou engem Fall schwätzt een och vu Megaplex.

Zu Lëtzebuerg gëtt et zwéi Multiplex-Kinoen: Den Kinepolis um Kierchbierg (1996 als Utopolis opgaangen, 10 Säll mat zesummen 2.700 Sëtzplazen) an den Kinepolis Belval zu Esch-Belval (2008 als CineBelval opgaangen, 7 Säll fir am Ganze 1506 Spectateuren).

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "About Kinepolis " op corporate.kinepolis.com
{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Multiplex-Kino
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Get ready for Wikiwand 2.0 🎉! the new version arrives on September 1st! Don't want to wait?