For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Mont-Bonvillers.

Mont-Bonvillers

Mont-Bonvillers
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meurthe-et-Moselle
Arrondissement Briey
Kanton Pays de Briey
Postcode 54111
Gemengecode 54084
Koordinaten 49° 19’ 39’’ N
      05° 50’ 09’’ O
Fläch  744 ha
Bevëlkerung  955 (1999)

Mont-Bonvillers ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle an der Regioun Grand Est.

Hir Awunner sinn d'Montois an d'Montoises.

Mont-Bonvillers ass eng Uertschaft déi haaptsächlech aus Aarbechterwunnenge besteet, déi sech riets a lénks laanscht d'Departementsstrooss D952 verdeelen. Wéi de meescht Leit am Baseng vu Briey hunn d'Awunner vu Mont-Bonvillers an der Minière geschafft. Um Bord vun der Uertschaft läit déi haut verloosse Mine de Murville.

Vun der Minière déi op där Plaz zwéi Pëtzer fir d'Fërdere vun Eisenäerz hat, ass net méi vill ze gsinn. D'Minière gouf 1967 zougemaach. D'Plaz op där d'Gebaier vun der Minière stoungen ass zanter 2007 am Gaang sanéiert a revaloriséiert ze ginn. An engem grousse Buedemsilo, dee mat Spezialbaatschen isoléiert ass, gëtt de contaminéierte Buedem stockéiert.

Déi Aarbecht gëtt besonnescht erschwéiert, duerch d'Feele vu valable Pläng, vun de Kanalisatiounen an anere Leitungen déi am Buedem vergruewe sinn. Dat kënnt doduerch, well déi meescht Haiser vun der Minièresgesellschaft opgeriicht goufen, an d'Gemeng ni am Besëtz vun de Pläng war.

Geschichtleches

[änneren | Quelltext änneren]

Mont-Bonvillers setzt sech zesummen aus den zwou Uertschafte Mont a Bonvillers.

  • 1493 kruten déi zwou Uertschaften hire Fräiheetsbréif.
  • Géint 1700 gouf et an den zwéi Dierfer 10 respektiv 14 Haiser.
  • 1844 gouf Mont vun der Gemeng Landres ofgespléckt a gouf 1847 u Bonvillers ugeschloss.
  • 1877 ginn an der Gemeng 240 Awunner gezielt.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Mont-Bonvillers
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Get ready for Wikiwand 2.0 🎉! the new version arrives on September 1st! Don't want to wait?