For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette.

Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette

Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette
Déi al Entrée vum Jongelycée
Escher Jongelycée
(LGE)
Typ Secondairesschoul, ëffentlech Schoul
Regimm Classique, General
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Esch-Uelzecht
Adress 71, rue du Fossé L-4123 Esch-sur-Alzette
Leedung Pascal Bermes
Schülerzuel 946
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 1901
Architekt Paul Flesch
Um Spaweck http://www.lge.lu/

De Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette (LGE), och Escher Jongelycée genannt ass eng Secondairesschoul zu Esch-Uelzecht.

Den Numm „Jongelycée“ huet e bis haut bäibehalen, obwuel zanter 1969 och Schülerinnen do d'Schoulbänk drécken.

Am d'Schouljoer 2019/20 ware 1.135 Schüler am Jongelycée vun Esch ageschriwwen. 7 Sektiounen am Uewergrad (3e, 2e a 1re) an 2 Ënnersektiounen (Latäin an Englesch, vu 6e un) ginn ugebueden a stinn zur Auswiel.

Mam Gesetz vum 29. Juni 1901 ass d'Industrieschoul zu Esch-Uelzecht gegrënnt ginn[1], déi op Handel an Industrie spezialiséiert war. Den 1. Oktober 1901 hunn déi éischt Coursen ugefaangen. D'Schoul war am Ufank an engem Gebai an der Uelzechtstrooss, dat d'Gemeng zur Verfügung gestallt huet, ënnerbruecht. Well do net genuch Plaz war, ass d'Konstruktioun vun engem neie Gebai decidéiert ginn. Iwwer de Wee vun der "utilité publique"[2] konnt den Terrain "Hinter dem Thiergarten" opkaaft ginn, an 1905 hunn d'Aarbechten ënner der Leedung vum Escher Stadarchiteckt Paul Flesch ugefaangen. Den 1. Oktober 1909 konnt dat neit Gebai ageweit ginn[3].

Zesumme mat der Industrieschoul an der Stad Lëtzebuerg krut déi Escher Industrieschoul duerch e groussherzoglecht Reglement vum 28. Abrëll 1945 d'Bezeechung Lycée de garçons[4].

Éischt Vergréisserungsaarbechten, laanscht d'Spidolstrooss hunn am Joer 1957 ugefaangen a konnten 1965 ofgeschloss ginn. Eng zweet Vergréisserungs- a Renovéierungsetapp huet 1988 ugefaangen an huet bis 1994 gedauert[5].

An den 1970er Joer ass d'Zuel vun de Schüler fir d'éischt iwwer 1200 geklommen.

Als Optioune ginn ënner anerem ugebueden am LGE: Fotografie, Kino vum zwanzegste Joerhonnert, modern Gittar, Chineesesch, Multimedia, Geschicht vun der Mathematik, Heraldik, Biologie, Portugisesch, Informatik a Musek.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • ...
  • 2002 - 2014: Lucien Thill
  • 2014 - 2017: Nico Decker[6]
  • 2017 - haut: Pascal Bermes

Schülerkommitee

[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1997 ass et gesetzlech Flicht fir e Lycée, datt en e Schülerkommitee huet[7][8]. All Schüler huet d'Méiglechkeet, sech am Ufank vum Schouljoer an de Kommitee, dee bis zu 13 Memberen huet, ze mellen. Et gëtt all Joer Neiwalen organiséiert.

D'Gebailechkeeten

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai vun 1909 huet eng Sandsteefassad an ass an engem neoklassizistesche Stil gebaut.

An den 1960er Joren ass an der Spidolstrooss en neie Fligel ugebaut ginn. Gläichzäiteg koum, dorun ugebaut, en drëtte Fligel mat Turn- a Festsall bäi.

Enn vun den 1990er Jore gouf d'Gebai grëndlech renovéiert, an e weidere Fligel ass ugebaut ginn, an deem virun allem spezialiséiert Säll (fir Physik-, Chimie- an Zeechecoursen) installéiert goufen. De fréieren Turnsall gouf an eng Kantin transforméiert, an en neien Turn-Trakt am Haff bäigebaut.

Literatur zum Theema

[änneren | Quelltext änneren]
  • Gabriel Deibener, Georges Konsbruck, Ed. Maroldt, J.M. Peiffer, Nadine Schummer, Lucien Thill: Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch 1901-2001, Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette, Esch 2001, 451 S., ISBN 2-87996-938-773.
Commons: Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Loi du 19 juin 1901 concernant la création d'une école industrielle à Esch-sur-l'Alzette. legilux.lu (19.06.1901). Gekuckt de(n) 25.09.2022.
  2. Arrêté grand-ducal du 3 juillet 1903 déclarant d'utilité publique la construction d'une école industrielle à Esch-sur-l'Alzette. legilux.lu (03.07.1903). Gekuckt de(n) 25.09.2022.
  3. G. Konsbruck: Aperçu de l'histoire du Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette, 1901-1940. In: Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch 1901-2001, Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette, Esch 2001, S. 35ss.
  4. Arrêté grand-ducal du 28 avril 1945, portant nouvelle dénomination de l'enseignement moyen, des Ecoles industrielles et commerciales et des diplômes de maturité et de capacité. legilux.lu (28.04.1945). Gekuckt de(n) 25.09.2022.
  5. E. Wagner: L'agrandissement du LGE. In: Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch 1901-2001, Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette, Esch 2001, S. 73 a 76s.
  6. Neue Direktoren im LGE und LHCE, wort.lu 17. Abrëll 2014.
  7. Règlement grand-ducal du 17 novembre 1997 portant organisation des comités d'élèves. legilux.lu (17.11.1997). Gekuckt de(n) 25.09.2022.
  8. Règlement grand-ducal du 1er août 2001 portant organisation des comités d'élèves. legilux.lu (01.08.2001). Gekuckt de(n) 25.09.2022.
{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Get ready for Wikiwand 2.0 🎉! the new version arrives on September 1st! Don't want to wait?