For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Kammerwald.

Kammerwald

D'Lag vum Kammerwald
Staat: Däitschland
Land: Rheinland-Pfalz
Gemengen: Ruet op der Our
Bauler
Körperich
Ënner Lëtzebuergescher Verwaltung vun: 23. Abrëll 1949
bis: 1. Oktober 1959
Gréisst : 526 ha[1]
Héicht : 365 m (Moyenne)
Koordinaten : 49° 56’ 24’’ N
      06° 13’ 58’’ O

De Kammerwald ass e Bësch an Däitschland a Rheinland-Pfalz, nërdlech vu Ruet op der Our, an de Gemenge Ruet a Bauler deen tëscht 1949 an 1959 vu Lëtzebuerg annexéiert war.

No der Néierlag vun Nazi-Däitschland am zweete Weltkrich goufen et Stëmmen, déi eng Erweiderung vu Lëtzebuerg an den däitschen Territoire era gefuerdert hunn, als Reparatioune wéinst dem Krich. Dës Stëmmunge si virun allem aus dem Riets-Nationalisteschen Eck vum politesche Spektrum komm. Sou huet d'Letzeburger Nationalunio'n méifach hir Fuederungen no enger Extensioun vum Lëtzebuerger Staatsgebitt bis un d'Saar däitlech gemaach.[2]

Déi Uspréch goufen ënner anerem domat begrënnt, well d'Herzogtum Lëtzebuerg déi Gebidder nom Wiener Kongress 1815 huet missen u Preisen oftrieden, an datt Lëtzebuerg dowéinst en historeschen Usproch op déi Gebidder hätt. An deem Kontext gouf och vun enger "Desannexioun" geschwat, gemengt ass déi vun Däitschland.

Déi deemoleg Lëtzebuerger Regierung huet manner ambitiéis Pläng an d'A gefaast, déi eng Grenzännerung vun nëmme 5 – 10 km no Oste virgesinn hunn. Dës Virschléi goufen an de Joren 1946 an 1947 den Alliéierten ënnerbreet, goufen awer net accordéiert. Déi waren nëmme bereet, fir kleng Grenzännerunge zougonschte vu Lëtzebuerg matzedroen.[3]

Den 23. Abrëll 1949 um Mëtteg huet déi franséisch Verwaltung an Däitschland de Kammerwald mat der Uertschaft Ruet an dem Neischeierhaff per Veruerdnung u Lëtzebuerg ofgetrueden.[4]

Den 11. Juni 1959 huet Lëtzebuerg per Vertrag op d'Gebittsuspréch am Kammerwald verzicht. Als Géigeleeschtung huet d'Bundesrepublik Däitschland 58,3 Millioune Mark u Lëtzebuerg ausbezuelt.

Den 1. Oktober 1959 gouf de Grenzverlaf erëm op dee vu virun 1949 zeréckgesat.[5]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Vom Kammerwald und der Viandener Ourgrenze. Luxemburger Wort. Gekuckt de(n) 20 Juni 2021.
  2. Kammerwald. gr-atlas.uni.lu. Gekuckt de(n) 2021-06-20.
  3. Luxemburg am Ende der Besatzungszeit und der Neuanfang - regionalgeschichte.net. www.regionalgeschichte.net. Gekuckt de(n) 2021-06-20.
  4. Verteilte digitale Rechtsquellen. deposit.d-nb.de Archivéiert de(n) 2021-06-24. Gekuckt de(n) 2021-06-20.
  5. Kammerwald. gr-atlas.uni.lu. Gekuckt de(n) 2021-06-20.
{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Kammerwald
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Get ready for Wikiwand 2.0 🎉! the new version arrives on September 1st! Don't want to wait?