For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Henri vun Oranien-Nassau.

Henri vun Oranien-Nassau

Henri vun Oranien-Nassau
Titelen
Lieutenant-Représentant vu Lëtzebuerg
Zäit 1850 bis 1879
Biographie
Gebuer 13. Juni 1820
Palais Soestdijk
Gestuerwen 13. Januar 1879
Walfer Schlass
Bestuet mat Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach
Papp Wëllem II. vun Holland
Mamm Anna Pawlowna vu Russland
Geschwëster Sophie vun Oranien-Nassau, Alexander vun Oranien-Nassau, Willem Alexander vun Oranien-Nassau, Wëllem III. vun Holland

De Willem Frederik Hendrik, gebuer den 13. Juni 1820 zu Soestdijk an Holland, a gestuerwen den 13. Januar 1879 zu Walfer, war Prënz vun Oranien-Nassau a Prënz vun den Nidderlanden. Vun 1850 bis zu sengem Doud war hie Prince-lieutenant vu Lëtzebuerg, wou hien als Prënz Henri, oder Prënz Hari respektiv Hary, bekannt war.

De Prënz Henri war den drëtte Jong vum Kinnek Wëllem II. vun Holland a senger Fra, der Anna Pawlowna, an hat de Spëtznumm "de Séifuerer". Hie war Offizéier vun der hollännescher Marinn.

Nom Doud vu sengem Papp 1849 gouf hien de 5. Februar 1850 vu sengem Brudder Wëllem III. zum Prince-lieutenant vum Groussherzogtum Lëtzebuerg ernannt. Vun do un huet hien all Joer e puer Méint zu Lëtzebuerg verbruecht, wou hien am Walfer Schlass gewunnt huet. Hie war weiderhin Admiralleitnant vun der hollännescher Flott.

Den 19. Mee 1853 huet hie sech mat der Prinzessin Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach bestuet, der Duechter vum Herzog Karl Bernhard zu Sachsen-Weimar-Eisenach; si hate keng Kanner.

Nom Doud vun der Amalia, den 1. Mee 1872, huet hie sech eng zweet Kéier, de 24. August 1878, mat der Prinzessin Marie vu Preisen bestuet, ass awer schonn e puer Méint drop, den 13. Januar 1879, zu Walfer un de Riedele gestuerwen.

Well de Prënz Henri zum Entstoe vum Nationalbewosstsinn zu Lëtzebuerg bäigedroen huet, gouf hien op verschidden Aart a Weise geéiert:

  • Am Lëtzebuerger Land hunn 12 Stroossen, Avenuen a Boulevarden den Numm Prince Henri.
  • Zu Walfer gëtt et de Centre culturel et sportif Prince Henri, de Stade Prince Henri, d'Eech vum Prënz Henri an de Centre Princesse Amélie. Och den Numm vum Walfer Basketballveräin, Résidence Walfer, erënnert un d'Funktioun vum Walfer Schlass am Zesummenhank mam Prënz Henri.
  • Da gouf et nach eng fréier Eisebunnsgesellschaft an eng fréier Minière déi no him benannt waren.
  • Bohler, Alain, 2020. Un prince intrépide. Bicentenaire de la naissance du prince Henri des Pays-Bas. Die Warte 2020-06-11, N° 53, S. 6-7.
  • Graas, G., 2020. Ein beliebter Statthalter in unruhigen Zeiten. Vor 200 Jahren wurde Prinz Heinrich der Niederlande geboren. Lëtzebuerger Journal 2020-06-09, S. 15. Cf. journal.lu - 09.06.2020.
  • Haag, Emil, 2011. Le Prince Henri *1820 1879, un Luxembourgeois de coeur, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 250-259.
  • Huberty, Christiane, 2008. Prënz Hary an Amalia. Princesse Henri et Princesse Amélie. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 91-96. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.
  • Trausch, Gilbert, 1984. Aux origines du sentiment national luxembourgeois: histoire et coup de pouce ou mythes et réalités, in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, 5/2: 73-111.
D'Plackett zu Éiere vum Prënz Hary op der Fassad vun der aler Gare zu Colmer-Bierg.
Commons: Henri vun Oranien-Nassau – Biller, Videoen oder Audiodateien
{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Henri vun Oranien-Nassau
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Get ready for Wikiwand 2.0 🎉! the new version arrives on September 1st! Don't want to wait?