For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Heliographesch Koordinaten.

Heliographesch Koordinaten

Geo- resp. heliographesch Koordinaten op der Kugel. Op der Sonn gëtt fir d'Breet amplaz φ meeschtens B geschriwwen.

D'System vun den Heliographesche Koordinate déngt der Bezeechnung vu geneeë Positiounen op der Uewerfläch vun der Sonn. Déi béid Kugelkoordinate bezéie sech op dat mëttelt Héichteniveau vun der Photosphär (siichtbar Begrenzung vum Sonnerand) a ginn als

  • heliographesch Breet an als
  • heliographesch Längt bezeechent.

Si ginn analog definéiert wéi d'geographesch Breet an d'Längt op der Äerd, bezéie sech awer (am Géigesaz zu dëser) net op en Ellipsoid, mä op eng exakt Kugel. An der Aart vun hirer Definitioun entsprieche si der geographescher Breet an der Längt op der Äerd.

D'Bezeechnung heliographesch kënnt aus dem Griichesche fir Sonn (Hελios, Helios) an zeechnen / beschreiwen (γραφειν, grafe•in). Si gouf an Analogie zu der Selenographie an d'Astronomie agefouert, wou sech de Schwéierpunkt vun der Sonnefuerschung vun der Astrometrie zu der Sonnephysik verlagert a rechneresch Modeller vun der Sonnerotatioun erfuerdert goufen.

Den heliographeschen Nullmeridian ass eegemächteg gewielt – sou wéi de geographeschen Nullmeridian – stellt awer am Géigesaz zu Greenwich kee feste Punkt duer. Hie rotéiert geneesou wéi all Punkte vum Sonnenequator a 27,3 Deeg (synodesch a 25 Deeg), awer – entspriechend der Gasphysik – eppes méi séier wéi déi weider a Richtung Pol leiend Regioune vun der Sonn.

Eng zweet Eegenheet vun der heliographescher géintiwwer de geographesche Koordinate läit am Ënnerscheed tëscht der Sonnen- an der Äerdfigur. D'Äerdfigur ass ongeféier en Ellipsoid, wärend d'Sonn bal genee eng Kugel duerstellt. Well eng Ofplattung vun der Sonn moosstechnesch net nozeweisen ass, sinn ellipsoidesch Koordinaten net noutwendeg. Dofir muss och net tëscht ellipsoidescher Breet a (geo)zentrescher Breet ënnerscheet ginn, mä eng op déi mëttel Sonnekugel bezunne Breet geet fir d'Koordinatenangab duer.

Angaben zu den heliographesche Koordinate vun der visueller Sonnenmëtt fënnt een an den Astronomesche Joerbicher, besonnesch an den Astronomical Ephemeris. Si sinn ënner anerem fir déi genee Amiessung vu Sonneflecken a Flares noutwendeg.

Portal Astronomie

{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Heliographesch Koordinaten
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Get ready for Wikiwand 2.0 🎉! the new version arrives on September 1st! Don't want to wait?