For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Guy Rewenig.

Guy Rewenig

Guy Rewenig
Pseudonym Juanita Banana, Tania Naskandy, United Guys, gr, Norbert Krantz, Leo Roth
Gebuer 31. August 1947
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Athénée de Luxembourg
Aktivitéit Schrëftsteller, Iwwersetzer
Member vun A:LL Schrëftsteller*innen
Famill
Papp Marcel Rewenig

De Guy Rewenig, gebuer den 31. August 1947 zu Lëtzebuerg, war bis 1984 Schoulmeeschter an ass zanterhier fräie Schrëftsteller. 2005 krut en de Batty-Weber-Präis fir säi Gesamtwierk.

De Guy Rewenig ass an der Stad, zu Gaasperech an zu Zéisseng, opgewuess, an huet am Kolléisch d'Première gemaach. Hien huet zu Walfer fir Schoulmeeschter geléiert an huet dëse Beruff fir d'éischt zu Beetebuerg, duerno, vun 1971 un, zu Esch-Uelzecht gemaach. 1984 ass en op Nouspelt geplënnert, wou en zanterhier als fräie Schrëftsteller lieft.

1974 war hien e Grënnungsmember vun der ASTI. 2000 huet en zesumme mam Roger Manderscheid de Verlag Éditions Ultimomondo gegrënnt.

Vun 1963 un huet de Guy Rewenig éischt Filmkritiken am Luxemburger Wort publizéiert. 1970 ass säin éischt Theaterstéck Interview, erauskomm, am selwechte Joer e Band mat Erzielungen, Als der Feigenbaum verdorrte. Zanter 1973 schreift hien och Kannerliteratur; säi Buch Muschkilusch, dat 1980 erauskoum, ass aachtmol nei opgeluecht ginn.

1985 huet de Rewenig säin éischte Roman op Lëtzebuergesch, Hannert dem Atlantik, publizéiert. Hie schreift bis haut op Däitsch, Lëtzebuergesch a Franséisch. Hien huet als fräie Mataarbechter Artikelen an Zeitungen an Zäitschrëfte verëffentlecht, ë. a. am Tageblatt, Lëtzebuerger Land, Alternativ, Perspektiv, Gréngespoun a Forum. Dacks waren dat zäitkritesch, satiresch Texter, an deenen de Rewenig sozial a politesch Mëssstänn thematiséiert huet an d'Liewen an d'Mentalitéiten zu Lëtzebuerg kommentéiert huet.

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
  • Kampfmaschine, 1973, Eegeverlag
  • Zabbazzillo, 1997, Éditions PHI -Philou
  • Honn déi bäisse billen net, 1981, Escher Theater
  • Schwaarz Lëschten, 1981, Escher Heft, edition kontext

Theaterstécker déi gespillt goufen

[änneren | Quelltext änneren]

Theaterstécker déi net gespillt goufen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Staatsbürgerschlachtfest, 1972

Theater fir Kanner

[änneren | Quelltext änneren]

Texter fir Kanner

[änneren | Quelltext änneren]
  • Muschkilusch
  • Zebra Tscherri
  • Schallümmo

Gielercher (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1984, 1988 an 1991: 1. Präis am Concours littéraire national
  • 2000: Nic.-Thoma-Preis vun der Fédération générale des instituteurs luxembourgeois
  • 2004: Kanner- a Jugendliteraturpräis "De Fiischen" vun der Action familiale populaire
  • 2005: Batty-Weber-Präis
  • 2006: Servais-Präis fir Passt die Maus ins Schneckenhaus? - Hundert messerscharfe Fragen (und ebenso viele glasklare Antworten).
  • 2007: 1. Präis am Concours littéraire national 2007 fir Le chef d'orchestre à la baguette de bambou.
  • 2010: Servais-Präis fir Sibiresch Eisebunn, publizéiert ënner dem Pseudonym Tania Naskandy

Literatur iwwer de Guy Rewenig

[änneren | Quelltext änneren]

Literatur iwwer d'Tania Naskandy

[änneren | Quelltext änneren]
  • Bicherbuch - Livre des livres - Bücherbuch - Book of books, Éditions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-65-5, Ss. 91-95
Commons: Guy Rewenig – Biller, Videoen oder Audiodateien
{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Guy Rewenig
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Get ready for Wikiwand 2.0 🎉! the new version arrives on September 1st! Don't want to wait?