For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Goodyear Operations.

Goodyear Operations

Goodyear Operations
Typ Société anonyme
Grënnungsdatum 20. August 1999
Sëtz Colmer-Bierg
Mataarbechter 3.440
  (1. Januar 2024)
  ()
Branche Pneuefabrikatioun
RCS B71219

D'Goodyear Operations SA ass eng Filial vun der Goodyear Tire & Rubber Company, déi zu Colmar-Bierg, Biissen an Diddeleng e Pneue-Komplex bedreift. Zum Komplex gehéieren Tire Plant, Luxembourg Mounting Center (LMC), Mold Plant, Tire Test Center, Regional Calendaring Center Europe (RCC*E), Goodyear Innovation Center Luxembourg (GIC*L), Luxembourg Automotive Campus an eng Testpist[1].

Déi haiteg Gesellschaft ass de 20. August 1999 als „Goodyear Luxembourg Tires SA“ gegrënnt ginn. Den 8. Abrëll 2009 gouf den Numm op „Goodyear-Dunlop Tires Operations SA“ g'ännert an den aktuellen Numm krut se dunn den 11. Oktober 2021.[2]

2016 huet Goodyear 1,6 Millioune Pneuen zu Lëtzebuerg produzéiert[3].

Entwécklung vum Personal zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Bei Goodyear schaffe weltwäit ronn 72.000 Leit(Stand: 2024)[4], dovun der 3.440 zu Lëtzebuerg(1. Januar 2024)[5].


Goodyear-Dunlop Tires Operations SA

Grouss Deeler vum Komplex 2020.

Den éischte Pneu gouf 1951 an der Tire Plant produzéiert.

De 27. Juli 1949 gouf d'Goodyear S.A. gegrënnt, déi dat éischt Goodyear Wierk am kontinentalen Europa an dat 35. weltwäit bedriwwen huet.

D'Tire Plant 1964 mam Schmëtteknapp.

D'Pneueproduktioun huet 1951 an der Tire Plant mat ongeféier 300 Mataarbechter ugefaangen, déi ronn 500 Pneuen pro Dag produzéiert hunn[6].

Se gouf op der Plaz vun enger aler Kalleks- an Zementsfabréck, der Chauxdolux, déi et vun ongeféier 1920 bis 1936 gouf, opgeriicht[7]. D'Kalleksfabréck koum no der Colmer Schmelz déi 1919 zou gemaach huet[8][9][10].

D'Fabréck grad sou wéi den ugrenzende Parking goufe bis an d'2010er Joren ëmmer rëm vergréissert. Mat de Joren ass sou de Schmëtteknapp vun der Kaart verschwonnen.

Wou fréier Fliger- an Autospneue gebaut goufen, sinn et haut Camions- a sougenannt Earthmover oder Off-The-Road (OTR) Pneuen[11][12].

De Komplex zu Lëtzebuerg gouf 1957 mam Pneuefuerschungszentrum Technical Center erweidert.1969 gouf deen als GITC (Goodyear International Corporation Tire Technical Center), iwwert d'Joren an GTC*L (Goodyear Technical Center Luxembourg), an GIC*L ëmgebaut oder ëmgenannt. 2018 hätt de ganze GIC*L, mat iwwer 1000 Mataarbechter, zesumme mat engem Fuerschungsdepartement vun IEE an den Luxembourg Automotive Campus plënnere sollen[13][14]. Aus dem GIC*L komme reegelméisseg Konzeptpneuen[15].

No der Ukënnegung 1969, ass 1970 déi deemoleg Luxmold opgaangen, an där nach haut Formen aus Aluminium a Stol fir d'Hierstellung vu Pneuen produzéiert ginn.

1997 ass de Regional Calendaring Center Europe opgaangen. Am RCC*E gëtt de Stoff mat Gummi verstäerkt[16].

Am Joer 2000 gouf d'Firma Luxembourg Mounting Center S.A. gegrënnt déi zanter 2001 eng ronn 8000 Camionspneuen pro Dag op Felgen opzitt[10][16].

1969 huet d'Produktioun an der Luxyold, méi spéit Fabric Plant, ugefaangen, an där d'Textileinlage fir d'Pneuen hiergestallt gëtt[3]. 2006 ass d'Gebai un déi südkoreanesch Hyosung verkaaft ginn.

D'Wire Plant, déi Drot fir Pneue produzéiert huet, ass 1971 opgaangen. Nom Verkaf un Hyosung 2011, ass d'Fabréck 2012 zougemaach ginn. Haut steet do de Luxembourg Automotive Campus.

Mercury Plant

[änneren | Quelltext änneren]

Uganks Mee 2022 ass d'Mercury Plant, déi zanter 2018 zu Diddeleng am Bau war, offiziell ageweit ginn. An der automatiséierter Fabrick gi mat engem digitaliséierte Procedé Pneuen a klenger Stéckzuel an Ersatzpneuen op Commande produzéiert.

D'Goodyear Tire & Rubber Company huet 73 Milliounen Euro investéiert fir d'Wierk zu Diddeleng opzeriichten[17].

Den Testcircuit goung 1970 op[18]. Déi längst Variant huet 3.260 Meter an 12 Kéieren[19]. De Circuit gëtt quasi exklusiv vu Goodyear benotzt fir Pneuen ze testen. Zanter 2013 organiséiert den HSRCL e puer Courssen, Trackdays an Testdays pro Joer um Circuit[20][21]. Sporadesch ginn och Motoscourssen organiséiert[22]. Bis 2011 huet d'Écurie Motoclub Goodyear heiansdo Evenementer organiséiert[23].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. GOODYEAR All Season Press Event (11 October 2017). Gekuckt de(n) 22 November 2021.
  2. gekuckt ënnert der Nummer B71219 op lbr.lu
  3. 3,0 3,1 Goodyear ─ The pioneer of economic diversification in Luxembourg (13 August 2018). Gekuckt de(n) 24 November 2021.
  4. (en)Our Brand & Products. Goodyear Corporate. Gekuckt de(n) 27.07.2024.
  5. (fr)Liste des principaux employeurs au 1er janvier. lustat.statec.lu. STATEC – Portail statistique du Luxembourg. Gekuckt de(n) 26.07.2024.
  6. Goodyear: Bau des ersten Reifens in Colmar-Berg vor 70 Jahren. auto revue (29 Januar 2021) Archivéiert de(n) 22 November 2021. Gekuckt de(n) 22 November 2021.
  7. Chauxdolux. industrie.lu. Gekuckt de(n) 21 November 2021.
  8. Kolmer Schmelz. industrie.lu. Gekuckt de(n) 21 November 2021.
  9. Histoire de la commune. Gemeng Colmer-Bierg Archivéiert de(n) 22 November 2021. Gekuckt de(n) 22 November 2021.
  10. 10,0 10,1 Goodyear. industrie.lu. Gekuckt de(n) 21 November 2021.
  11. Goodyear ─ The pioneer of economic diversification in Luxembourg. tradeandinvest.lu. Gekuckt de(n) 21 November 2021.
  12. Goodyear moving niche car tire production Archivéiert de(n) 21 November 2021. Gekuckt de(n) 21 November 2021.
  13. Étienne Schneider présente le futur Luxembourg Automotive Campus dédié à la recherche et à l'innovation dans le secteur automobile. Ministère de l'Economie (24 März 2016). Gekuckt de(n) 22 November 2021.
  14. Automotive Campus: le projet piétine. wort.lu (11 Juli 2017). Gekuckt de(n) 22 November 2021.
  15. Goodyear, Goodyear : des concepts de pneus élaborés à Colmar-Berg. science.lu (23 Juli 2019). Gekuckt de(n) 24 November 2021.
  16. 16,0 16,1 Goodyear. Gekuckt de(n) 24 November 2021.
  17. Marco Meng, Science Fiction in der Reifenfabrik, Luxemburger Wort, 6. Mee 2022, S. 10
  18. Schweizerische Bauzeitung, Zwei Jahrzehnte Reifenproduktion in Colmar-Berg, Luxemburg (1972). Gekuckt de(n) 22 November 2021.
  19. Streckendaten - Circuit Goodyear Test Track (Colmar-Berg). Gekuckt de(n) 24 November 2021.
  20. HSRCL Nos Albums. hsrcl.lu. Gekuckt de(n) 24 November 2021.
  21. Calendriers 2021. ACL Sport. Gekuckt de(n) 24 November 2021.
  22. Motorenruhe im Geburtstagsjahr - 10. Geburtstag HSRCL. ACL Sport (15 Juni 2020). Gekuckt de(n) 24 November 2021.
  23. Goodyear-Circuit: Keng Coursë [sic] méi zu Colmar-Bierg?
{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Goodyear Operations
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Get ready for Wikiwand 2.0 🎉! the new version arrives on September 1st! Don't want to wait?