For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Cinémathèque de la Ville de Luxembourg.

Cinémathèque de la Ville de Luxembourg

D'Cinemathéik op der Theaterplaz
D'Gebai op der Cloche d'or (hanne riets) (2011)

D'Cinémathèque de la Ville de Luxembourg, och nach Stater Cinemathéik genannt, ass am fréiere Kino Vox op der Theaterplaz an der Stad Lëtzebuerg. Donieft huet d'Cinemathéik nach e Gebai op der Cloche d'or, dat se mat der Fotothéik vun der Stad deelt.

D'Stater Cinemathéik versuergt iwwer 13.000 Filmer, dorënner 10.000 Long-métragen, an och eng Rëtsch Filmer vun deenen et (bal) soss néierens eng Kopie méi gëtt. Domat zielt si mat zu deene wichtegste Filmarchiver vun Europa.

Gegrënnt gouf se 1975 vum Fred Junck, fir d'éischt als eng A.s.b.l., ier se 1977 dem Kulturdéngscht vun der Stad Lëtzebuerg ënnerstallt gouf. De Fred Junck huet ufanks och e groussen Deel vun hirem Bestand zesummekaf, -gesteet oder -getosch.

D'Stater Cinemathéik ass spezialiséiert op de Film noir, d'Filmer vu verschiddene Serie B-Regisseuren, d'Filmer vu Regisseuren, déi an der Nazi-Zäit an Amerika hu misse flüchten, franséisch Filmer aus den 1930er an 1940er Joren, amerikanesch Independent-Filmer a Filmer, déi e Bezuch mat Lëtzebuerg hunn.

Ausserdeem huet si praktesch d'Gesamtwierk vu Regisseure wéi Fritz Lang, Howard Hawks, Alfred Hitchcock, Raoul Walsh, Jean Renoir, Orson Welles, Douglas Sirk, Samuel Fuller, Max Ophuls, asw.

Zanter den 1990er Jore ginn d'Filmer an engem speziell klimatiséierte Raum, an engem Gebai an der Eugène-Ruppert-Strooss op der Cloche d'or archivéiert (direkt niewendrun ass d'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg). Virdru war dat uechter d'Stad verspreet a Lageren a Kelleren, wou et eng Kéier souguer zu engem Feier komm war.

Am Archiv gëtt et och eng Sammlung mat Dausende vu Fotoen an Affichë vu Filmer, an eng spezialiséiert Bibliothéik zu der Geschicht vu Film a Kino, déi zougänglech ass fir de Public.

10 Leit schaffen an der Cinemathéik; Direkter ass de Claude Bertemes.

Commons: Cinémathèque_de_la_Ville_de_Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Cinémathèque de la Ville de Luxembourg
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Get ready for Wikiwand 2.0 🎉! the new version arrives on September 1st! Don't want to wait?