For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Annibale de Gasparis.

Annibale de Gasparis

Annibale de Gasparis
Gebuer 9. November 1819
Gestuerwen 21. Mäerz 1892
Neapel
Nationalitéit Kinnekräich vu béide Sizilien, Kinnekräich Italien
Educatioun Universitéit Federico II zu Neapel
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser, Mathematiker
Member vun Accademia Nazionale dei Lincei, Accademia Nazionale delle Scienze, Académie des sciences, Royal Astronomical Society, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, Astronomische Gesellschaft, Accademia delle Scienze di Torino

Den Annibale de Gasparis, gebuer den 9. November 1819, a gestuerwen den 21. Mäerz 1892, war en italieeneschen Astronom.

Nom Besuch vu Seminare zu Sulmona a Chieti goung hien 1838 no Neapel, fir op enger Ingenieurschoul ze studéieren. Vun 1840 un war hien astronomo alunno um Observatoire vu Capodimonte. Seng éischt mathematesch Publikatioun koum 1845 eraus. Et war seng Ofhandlung iwwer d'Ëmlafbunn vum Asteroid Vesta. D'Universitéit Neapel huet him dorophinn am Joer 1846 den Éierendoktertitel (laurea ad honorem) iwwerreecht. Vun 1860 bis zu der Emeritéierung 1889 war hien ordentleche Professer fir Astronomie, Geodesie a Mathematesch Geographie an der Universitéit Neapel. Vun 1864 bis 1889 war hien Direkter vum Observatoire vu Capodimonte zu Neapel. wou hien zanter 1855 als ee vun de wichtegsten Astronome gewierkt hat.

De Gasparis hat 9 Asteroiden entdeckt.

1851 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent. 1861 gouf hien zum Senator vum Kinnekräich ernannt. Zanter 1858 war hie korrespondéierende Member vun der Accademia dei Lincei, 1875 gouf hien ordentleche Member. Zanter 1849 war hie Member vun der Accademia Pontaniana zu Neapel. Ausserdeem hat hien de Krounuerde vun Italien, den Uerde vun den hl. Mauritius a Lazarus, den Ziviluerde vun der Savoie an de Rouden Adleruerde vu Preisen an de brasilianesche Rousenuerde kritt.

Zu sengen Éiere gouf den 30 Kilometer grousse Moundkrater de Gasparis souwéi d'Gasparis-Rill, eng 93 Kilometer laang Moundschlucht, déi beim Gasparis-Krater ufänkt, no him benannt.

Portal Astronomie

{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Annibale de Gasparis
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Get ready for Wikiwand 2.0 🎉! the new version arrives on September 1st! Don't want to wait?