For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Abtei Orval.

Abtei Orval

Entrée an d'Abtei vum Gäschthaus aus
D'Kierch.
Ruine vun der aler Abtei.

D'Abtei vun Orval (Abbaye Notre-Dame d'Orval) ass eng Zisterzienserabtei zu Villers-devant-Orval, Gemeng Florenville, an der belscher Provënz Lëtzebuerg. Si gouf 1132 gegrënnt an ass haut ë. a. och fir hiren Trappistebéier an hire Kéis bekannt.

Éischt Grënnung

[änneren | Quelltext änneren]

Schonn an der Merowengerzäit war d'Plaz besidelt, wéi Reschter vun enger Kapell aus dem 10. Joerhonnert et weisen. 1070 hu sech, op Invitatioun vum Grof Arnoul I. vu Chiny, Benediktinerpateren aus Kalabrien do niddergelooss an ugefaangen, eng Kierch an e Klouschter ze bauen. E puer Joer drop hu se awer nees d'Plaz, ouni d'Aarbechte fäerdeg ze maachen, verlooss. Si goufen duerch Kanoniker ersat, déi de Schantjen un en Enn bruecht hunn, soudatt d'Kierch den 30. September 1124 konsekréiert konnt ginn.

1132 sinn Zisterzienserpatere vun Trois-Fontaines aus der Champagne do ukomm, an déi zwou Gruppen hu sech zesummegedoen ënner enger Communautéit am Zisterzienseruerden. Éischten Abt war de Constantin.

Ëm 1252 ass d'Abtei verbrannt an et huet bal 100 Joer gedauert ier se nees opgeriicht war. De Wenzel I. vu Lëtzebuerg, Herzog vu Lëtzebuerg, Limburg a Brabant (†1383), gouf do begruewen.

Am 15. a 16. Joerhonnert huet d'Abtei ënner de stännege Kricher tëscht Frankräich op der enger Säit an der Bourgogne, respektiv de Spueneschen Nidderlanden op der aner ze leide gehat. 1637, wärend dem Drëssegjärege Krich, gouf d'Abtei vu franséische Söldner geplëmmt an ofgebrannt.

Am 17. Joerhonnert huet d'Abtei sech der Trappiste-Branche vun den Zisterzienser ugeschloss, ier se 1785 nees zu der Haaptrichtung zeréckgoung.

1793, an der Franséischer Revolutioun, gouf d'Communautéit opgeléist an d'Abtei zerstéiert.

Zweet Grënnung

[änneren | Quelltext änneren]

1887 huet d'Famill Harenne d'Lännereie mat de Ruinen drop opkaf. 1926 hu si se dem Zisterzienseruerde geschenkt, déi dunn, tëscht 1926 an 1948 ënner dem Trappistepater Marie-Albert van der Cruyssen, eng nei Abtei opgebaut hunn.

D'Ruine vun der aler Abtei stinn haut nach niewendrun a kënne besicht ginn.

  • Hyppolite Goffinet, Cartulaire de l'abbaye d'Orval, depuis l'origine de ce monastère jusqu'à l'année 1365 inclusivement (...) ; Bréissel, 1879.
  • AUREAVALLIS (kollektiv), Mélanges historiques réunis à l'occasion du neuvième centenaire de l'abbaye d'Orval ; Léck (Solédi), 1975.
  • P. C. Grégoire, Orval au fil des siècles - Première partie: Des origines au 14e siècle (L'essor d'une abbaye) ; Editioune vun der Abtei Orval, 1982; 134 S., ill.
  • Paul-Christian Grégoire, Orval - Le Val d'Or depuis la nuit des temps ; Metz (Éditions Serpenoise), 2011; 327 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87692-889-3
  • Hugues Rogier, Bernard de Montgaillard - L'histoire mouvementée d'un grand abbé d'Orval ; Neufchâteau (Weyrich éditions), 2013. ISBN 978-2-87489-184-7
Commons: Abbaye d'Orval – Biller, Videoen oder Audiodateien
{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Abtei Orval
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Get ready for Wikiwand 2.0 🎉! the new version arrives on September 1st! Don't want to wait?