AVL-Linn 21
D'Linn 21 fiert op engem Sonndeg mat engem Standardbus | |
Eech - Kierchbierg | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
vu(n) | Eech, Centre Culturel 49°37'44,18"N, 6°7'56,53"O |
op | Luxexpo Entrée Sud 49°38'3,9"N, 6°10'12,4"O |
iwwer | Eech, Millebaach, Rollengergronn, Uewerstad, Neiduerf/Weimeschhaff, Kierchbierg |
Bustyp | Gelenkbus |
opgaang | 13. Dezember 2020 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 12,533 km, 12,137 km |
Fuerzäit | 43 min, 42 min |
mëttel Vitess | 17,49 km/h, 17,34 km/h |
D'AVL-Linn 21 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Kierchbierg, Luxexpo, Entrée Sud - Stad - Rollengergronn - Millebaach - Eech an zeréck.
D'Linn 21 huet 28 Arrêten um Aller an der 29 um Retour. Se fiert vu méindes bis freides all 15 Minutten, samschdes all 20 Minutten a sonndes all hallef Stonn.
Halten op der Linn 21
[änneren | Quelltext änneren](D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Linn 21 | Bemierkung | |
---|---|---|
Eich, Centre Culturel | gemeinsamen Terminus mat der Linn 23 | |
Eecher Plaz | ||
↑ | École Eich | |
Eecher Schmelz | ||
Siwemuergen | ||
Peiffeschbierg | ||
Villeroy & Boch | ||
Roudebierg | ||
Val St André | ||
Val Fleuri | ||
Beim Klomp | ||
Bei der Fiels | ||
Biischtefabrick | ||
Stäreplaz / Étoile | ||
↓ | Wampach | |
Hamilius | ||
Fondation Pescatore | ||
Rout Bréck - Pafendall | Gare Pafendall-Kierchbierg | |
B.E.I. | ||
Jean Monnet | ||
Antoine de St Exupéry | ||
Konrad Adenauer | ||
Coudenhove-Kalergi | ||
Albert Borschette | ||
Réimerwee | ||
Alphonse Weicker | ||
Hôpital Kirchberg | ||
↓ | Hugo Gernsback | |
↑ | Luxexpo | |
↑ | Poutty Stein | |
Luxexpo Entrée Sud | gemeinsamen Terminus mat der Linn 18 |
Entwécklung vun der Linn 21
[änneren | Quelltext änneren]Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:
- virun 1996: et gouf keng Linn mat der Nummer 21
- 1996 - 1999: Dummeldeng - Kierchbierg - Weimeschhaff an zeréck.
- 1999 - 2003: Gare - Stad - Weimeschhaff - rue du Grunewald an zeréck.
- 2003 - 2008: (P+R Bouillon) - Gare - Stad - Weimeschhaff - rue du Grunewald an zeréck.
- 15.09.2008 - 14.12.2014: Eech - Millebaach - Rollengergronn - Stad - Gare - Gaasperecherbierg - Cloche d'or
- 15.12.2014 - 18.02.2018: Eech - Millebaach - Rollengergronn - Stad - Gare - P+R Lëtzebuerg-Süd - Cloche d'or
- 19.02.2018 - 12.12.2020: Eech - Millebaach - Rollengergronn - Stad - Gare - P+R Lëtzebuerg-Süd
Mat der Ouverture vum Lycée Vauban gouf den Trajet am Februar 2018 tëscht der Gare an dem Gaasperecher Bann geännert fir eng Halt beim Campus francophone unzefueren[1].
Am Kader vum Tramsschantje gouf et zwou Upassungen: de 15. Oktober 2018 ass den Trajet an der Uewerstad ugepasst ginn an d'Linn 21 ass vun do un a Richtung Houwald net méi duerch d'Arsenalstrooss, ma iwwer d'Montereysavenue gefuer. Den 3. November 2019 gouf och d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad geännert: d'Linn ass dunn iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefuer[2].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: AVL-Linn 21 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Rita Ruppert, „Mit dem Bus zur Schule“, am Luxemburger Wort vum 17. Februar 2018, S. 27
- ↑ De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019
Text is available under the CC BY-SA 4.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.